Ruffwear Front Range

 

D'Geschirr "Ruffwear Front Range" bitt Iech an aerem Hond Konfort a Sëcherheet bei all aeren Aktivitéiten. Dëst Geschirr beandrockt nët nemmen duerch sain klengt Eegengewiicht mee virun allem duerch seng perfekt Passform.

 

Hei sin awer nach eng ganz Rei weider Virdeeler:

  • gepolstert Réckeplack
  • gepolsterte Broscht- a Bauchberaich
  • robuste an awer liicht Broscht- a Bauchgurter
  • zwee méiglech Punkten fir d'Lenkt anzekrämpen
  • eng integréiert Täsch fir z.B. Telefonsnummer / Hondsmark
  • Adressfeld um Geschiir
  • Reflektiounstreifen

Dobai ass et :

  • ganz liicht a schnell unzedoen
  • robust duerch widerstandsfähegt Material wat verschafft gett
  • pflegeleicht  ;-) mengen Muppen hiirt Geschiirer gin all an Wäschmaschine :-)

D'Geschirr ass stufenlos verstellbar a suergt domat fir eng optimal Drockverdeelung, perfekt Paßform mat absolutem Tragekomfort fir aeren Mupp. An alles dat ouni seng Bewegungsfraiheet anzeschrenken.

D'Bauchgurter sin esou ubruecht, dat se nët am Eelebouberaich schaueren wéi een et leider oft a bei villen anneren Geschiirer gesait.

Material: Nylon
Gröissten: XXS – XL

Fir déi richteg Gréisst fir dain Hond ze fannen, breng hien einfach mat. Da kann ech Iech Geschirr och richteg astellen op aeren Hond.